Ech sinn Haut d’Resultat vun mengem Mathé Noexamen gewuer ginn.
Sie hunn sech zwar fucking vill Zäit gelooss, mee ECH HUNN GEPACKT!!!!
Ech wärt zwar elo leider net mei sou oft an Letzebuerg sinn, mee daat ass een gudden Grond fier ierch all engkeier Vakanz an Éisterräich ze maachen
Sou, elo ginn ech emool een Pättchen huerlen
*hehehe*
Nach zu mengem eischten FH-Schouldaag:
Hei ass et cool. Alles locker an lässeg.
Et geet just nach en Strapp mei seier fierun wei op 13ième hei, mee ech wärt et iwwerliewen
Endlech ass et eriwwer…den Mathé Noexamen.
Lo brauch ech just nach d’Resultat, waat leider reischt den 29. September kennt. 
Mee wann ech et gepackt hunn, wärt et wuel net vill mei wei 30 ginn :-/
Wann ech et gepackt hunn, ginn ech an Eisterräich op Dornbirn op d’Fachhochschule Vorarlberg Informatik studéiren.
Duefier hoffen mer ald, dass et geklappt huert
Bon ech war den Metteg d’Resultat vum Examen kucken.
Ech hunn just 1 Noexamen. Anzwar an der Mathé.
De Recht hunn ech alles gepackt.
Ech war ganz verwonnert dass ech keen am Franseischen haat… Also wanns de mech frees….dei hunn gehierlos large verbessert am Franseischen.
Ob jiddefall ass daat een akzeptabelt Resultat fannen ech. Et hätt wierklech schlemmer kennen kommen 
Frun alles fier daat waat ech futeiert hunn…keint ee baal soen d’Resultat wär gudd
Also all dei Deech wou näischt dervun am Blog steet hunn ech net vill futeiert.
Et ass jo sou langweilech… Et gett Zäit dass d’Schoul rem ugeet..
Ech probeiert main Problem mam Computer rem an d’Rei ze kreien.
(D’Verbindung huert eng hänken. Vun Zäit zu Zäit krein ech soit een mega-Lag (sou 15 Sekonnen) oder d’Verbindung geet suguer ganz fort fier eng Kuerz Zäit).
Ech hu mol rausfonnd dass et warscheinlech just op mengem PC esou ass. Wann ech am Safemode starten (d.h. just daat noutwendegst, just daat waat den Windows brauch) dann ass den Problem nach emmer do. Daat heescht et läit net un iergendenger Software di daat auslaascht.
Lo probeiren ech nach op et mam Knoppix vläit geet. Well wann jo, dann ass mäin Windows versaut. Dann muss ech do alles fresch installeiren 
Bon et ass jo net wi wann ech keng Zäit hätt, mee et misst net sinn…
Den Metteg geint
17:00 ginn d’
Resultater vun den Examen bekannt ginn *bibber*
Ech schätzen mat 1-2 Noexamen, mee hoffen daat Bescht. Wier jo scho mol net schlecht wann ech direkt duerchfaalen…
Deen war sou relax!!!
Ech hunn missen een Bild vun der Titanic beschreiwen an een Text fierliesen.
Dunn kruut ech nach e puer Froen gestallt iwwert den Text, an een Text aus dem Buch. An daat war et
Ech war noo 10 Minuten färdeg, et waaren der 20 fiergesinn
Lo endlech ganz färdeg mat den Examen.
Den 27. Juni um 17:00 kommen d’Resultater aushänken!
Den Teleinfo Oral den Moien war net gudd gaangen. Ech sinn guernet eenz ginn…
Ech kruut daat Thema vun deem ech mat Abstand am weinegsten wusst 
An dei 2 Proffen hunn mech den ganzen Zäiten duercheneen gemaach … hmf..
Hoffen mer ald, dass ech am Écrit genuch kreien …
Den Examen war zimmlech locker. Ech hu mech just bei enger Froo geierrt, an ech hunn dei missten ganz fresch maan
An bis op 2-3 kleng Froen wosst ech net. De Recht wua gudd
Elo ass mol VAKANZ!!!!!!
Den TECMU Examen war zimmlech relax. Bis op puer Saachen dei mer guernet gesinn haaten…grml…
Naja…an dass ech bei enger Rechenaufgab net richteg eenz gi sinn. Ech hunn formlen emgewandelt an gefummelt an getrickst, bis ech herno raus kruut: vitesse=vitesse.
*DOH*… Ech wees och dass Vitesse, Vitesse ass… jaja…
Am allgemengen war et aawer ze maan
Jo, TECMU leiren daat huert bessi geschleeft, well ech net richteg Loscht haat
En klengen Resumée geschriwwen, daat huert 1 Stonn gedauert. Engkeier Kompressiounsverfahren probeiert du war ech färdeg
» Muer: Techniques multimédia examen
Losse mer et sou ausdrecken: Et ass besser gelaaf wei erwaard. Ech ging souguer soen meng 32, dei ech muss kreien misst dran sinn
Et waren just en puer Saachen do, dei mech stutzeg gemaa hunn an och Saachen wu ech net eenz gi sinn. Mee am groussen ganzen ging ech soen: “Daat geet schon”