Yesterday, me and my friends (Didi & René) did something different that all the time… We went to an American football match! We decided it some days ago because we saw a flyer in the university which made advertisement for the match. The Hohenems Blue Devils played against the Vienna Vikings.
Arriving at the match, we were quiet amazed by the athmosphere in the stade. The music was nice and the local Blue Devis supporters equipied with drums and gas horns…
Read the rest of this entry »
Ech hu keng Loscht hei vill ze schreiwen. Ween sech interesseiert waat leeft kannop mengem Austausch-Blog kucken.
Nei Fotoen sinn online:
Ech war den Freiden bei den Charel, well mier eigentlech wollten just gemittlech en bessi zesummen programméiren. Mier hunn dann him dann awer mol Ubuntu installéiert. Säitdem war et eischter eng Linux-Session wei eng Programméier-Session.
Mee bon, egal. Ech haat bei mier alles souwisou fresch installéiert an bei mier huert also och nach Konfiguratiounsbedarf bestaan.
Oowes dunn hunn mer eis einfach gesoot dass ech iwwert Nuet do bleiwen dass mer bessi mei Zäit hunn. Ech hunn bei mier mol nach Zeug installéiert an konfiguréiert an den Charel säin.
Et ass relativ speit ginn, sou halver 4 bis den Charel pennen gaangen ass, an ech war sou um 4 oder halwer 5 pennen. Ech war awer rem den eischten ob. Ech hun ald en bessi eppes ugefaang ze programméiren.
Wi den Charel dun opgestaan ass huert heen weider ob sengem Linux gefummelt an ech hu bessi weiderprogramméiert bis ech keng Loscht mei haat. Ech hu mer deen Daag 4 verschidden Projekter rausgesicht, woubäi ech ze latzeg fir 2 dovun war an eent war ob emool ze langweileg ginn. Elo entwecklen ech den “myDo“. Bis elo ginn et nach keng weider Detailer
Daat gett eng Iwerraschung.
Als Mettesiessen guff et Gegrilltes an Oowes waren mier an den McDonalds. An du si mer …direkt… rem Heem bei den Charel gefuer.
Et war och net geplangt dass ech deen Daag do schloofen. Daat war dann awer sou.
Haut war ech erem den eischten op 
Mier waren bei den Bäcker Metschen kaafen an mer hun zu Moies giess. Noom Moies-Iessen hunn ech weider um myDo programméiert. Mettes guff et italieneschen Buffet.
Am Nometteg sinn ech dann Heem komm
Fazit: Den Charel ass zefridden mat sengem Linux an ech sinn zefridden dass ech een neien Projet hunn
Geschter war ech emool rem engkeier mam Fabrice ennerwee.
Mier waren fierd eischt an den Aldi well heen sueppes do wollt hun, mee daat war wuel leider schon ausverkaaft.
Duerno sinn mier dann an Belle Etoile gaang. Natierlech de Geck mat jidderengem gemaa an eisen Gaudi gehaat. Wei an den gudden aalen Zäiten
Ech hunn daat schon e puermool gesinn, mee Geschter haat ech och mol d’Iddi fir eng Foto davun ze maan:

Happy Tree Friends DVDen an der Kannerabteilung bei den DVDen. Waat ech mei wei onverantwortlech fannen. Woubäi hannen extra drop steet dass et net fier Kanner enner 16 Joer erlaabt ass, an eng extra Warnung dass een et net sollt Kanner weisen. Fier dei, dei net wessen waat Happy Tree Friends ass, hei een Beispill:
Happy Tree Friends – Eye Candy
Zesummengefaasst nemmen brutal Duerstellungen wei dei niedlech Kreaturenemmer rem den Dout fannen. Waat menger Meenung noo net an d’Kannerabteilung geheiert.
Oowes waren mier nach an den Tiebreak mam Magali an mam Christine nach dabäi =)
Geschter war ech emool rem eng Keier säit laangem am Utopolis. Anzwar mam Charel.
Ech sinn den Charel geint eppes firun 7 Auer op d’Gare sichen. Säin Zuch haat schon Verspeidung. Natierlech alles seng Schold, weem seng soss?
Du si mer an den Utopolis gefuer an ech hunn mech suguer nach um Kierchbierg eremfond. Ech sinn stolz op mech selwer.
Am Utopolis ukomm wussten mer mool fird eischt net waat mer sollten maachen. Well dei Filmer dei ungelaaf sinn sinn direkt noo 20m schon ungaang an daat wollten mer net. Du si mer mol fird eischt Billard an den Q45 spillen gaangen.
Mier hunn 3 Partien gespillt woubäi se all duerch een falscht Anlachen vun der (8) gewonn/verluer ginn sinn. Ech hunn der 2 gewonn, den Charel 1. Dei eischt 2 Partien haat ech relativ vill getraff, ausser um Schluss ass emmer dei (voll) bloo Kuggel iwwreg bliwwen (2). Ech kruut dei fierd Frecken nie eran bis gaaaaanz zum Schluss wei den Charel just nach 1 um Desch haat. I…HATE…BLUE!!!!! Duerno haat ech dei hallew Kuggelen mee do ass et generell nach mei schlecht gelaaf
Nodeems mer färdeg mat Billard spillen waren (merci Charel dass de mech angelueden hues
) sinn mer rem kucken gaang weieng Filmer sou laafen. An well mier allen 2 richteg haart Kärelen sinn, sinn mier dann och den “Kung-Fu Panda” kucken gaangen. Deen Film ass MEGA. Deen ass just ze recommandéiren. Immens lusteg. “I am not a big fat Panda, I am THE big fat Panda” *mouahahaha*
Noom Kino hunn ech den Charel dann Heem gefouert. An do ass et geschitt… DEN MINI HAAT GEBUERTSDAAAAAAAAAAG. Den Mini huert Haut de Moien um 0:11 seng 55555km gefeiert. Mat der Warnblinkanlaag duerch Stroossen gefuer (keng Angscht, et waren keng aaner Autoen do
) hu mer dei schéin Zuel gefeiert. Natierlech ginn et och dovun Beweisbiller…
Jo daat war mol rem engkeier een richteg lustegen Oowend
Sou, elo bloggen ech emool mäin Gebuertsdaagsfest (den 31. Januar hunn ech der 21 kritt) an meng Mini-Vakanz zu Sölden.
Ech sinn dann aawer an d’FH gaangen. Ech haat ursprünglech net welles, mee mäin Gott, et waren just 1,5 Stonnen. Kleng Bemierkung: Den “PT” (den Dozent) war GANZ schlecht gelaunt.
Oowes dann ass Party gemaach ginn. Fierd eischt war ech bei den Thomas an seng Frendin Heem bis ob een Béierchen. Vun hierem Kannd kruut ech een Loftballong geschenkt =)
Duerno waaren mier dann weider bis an den neien CampusCafé. Do ass den Kai dann ob emool obgedaucht. Den René, den Maxi an d’Sammy sinn dann och nach komm 
Am CampusCafé kruut ech een gratis Cocktail
En war zwar net souuu lecker mee fier 0€ mat 0,00€ Raten/Mount ob Liewenszäit ass daat ganz OK
Duerno sinn mier dann nach weidergaangen an d’Kolpinghaus. Do hunn mier eis et an der Kichen gemittlech gemaach mat en bessi DIECKRECHER/BATTIN
Mier hunn och mat mengen bellegen Poker-Chips Poker gespillt
Ech hunn deck oofgeloost.
Mee ech kruut heinsdo vun en puer Leit nach Chips fier weider ze spillen. Dei hunn ech ebenfalls verzockt
Den Willi ass och iergendwann dobäi komm
Duerno waren mier dann nach an “das Grüne Pavillion”. Do hunn mier en bessi Béier gedronk an waren dann weider an den Mr.Johnes. =) Do kruut ech och een gratis Cocktail. Ech konnt mier eraussichen weieen ech wollt
Groussen PRO. Ech hunn een Pina Colada geholl. Deen war lecker 
Dunn war awer dann awer Schluss. Do war ech Heem
*zzzzZZZZZzz* maan.
Samsdes den 2. Februar hunn ech missten schaffen zu Bürs an ech hunn mier eng kleng Schréibs an den MINI gefuer =( =( =(. Ech gin Haut kucken lossen waat se duefier froen daat rem ze riichten.
Sonndes den 3. Februar sinn ech ob Sölden/Tirol gefuer. Meng Eltren waren do an der Vakanz. Well ech net iwwer d’Autobunn gefuer sinn heurt den TomTom mech iwwert sou Geschlängels Lanbdstrooss gefouert
Ob emool war ech ganz uewen ob engem Bierg mat lauter Schnéi VOLL an der Pampa wou soss keen war. Den TomTom wollt riit aus weider, mee do war zou
Hunn ech gekuckt wi ech eenz ginn. Sinn mool Richtung Reutte gefuer. Do kennt een däitschen Tourist mier weiderhellefen.
Ech hunn 4,5 Stonnen gebraucht
Zu Sölden sinn ech 2 Deeg Ski gefuer. Den 2. Daag war ob emool mega vill Schnéi ob der Pist. Plus Wand/Stuerm an Niwwel. IMMENS!! Do sinn mier rem roof gefuer. Wou et natierlech gereent huert.
Am Ski-Bus hunn ech mäin 8ième-Régent gesinn
Den Herr Jean-Paul Fritz
Oder besser heen huert mech gesinn…
Fier erem zreck an Vorarlberg hunn ech mier eng Vignette kaaft. Ech hunn zwar just 1,5 Stonnen gebruacht. Mee am Arlbergtunnel wollten se nachengkeier Suen vun mier. 8,50€
Mei déier wei d’Vignette. Mee nuje.
Geschter Owend war een klengen inoffiziellen Cometogether vun der T3IF2 2005/2006.
Ech war mam Jean an Jérôme an den Porta Nova op den Lampertsbierg eppes iessen.
Mier hunn all eng Pizza giess. 10€ fier eng Pizza Hawaii… Also Letzebuerg ass wierklech een Ennerscheed zu Éisterräich
Duerno sinn mier nach bei den Salva gefuer, deen grad en Poker-Owend gemaach huert.
Do war och den Sergio, Eder, Mike B. aus “aalen Zäiten”
An nach en puer Leit, dei ech net kannt haat.
Laang sinn mier net beim Salva bliwwen. Mier sinn dunn an den McDonalds gefuer. Ech hunn asech näischt giess. Do hunn ech näischt davun giess.
Duerno waren mier Heem =)
Geschter Owend war mäin eischten Glühwäin fier desst Joer
Den René, Willi, Malcolm an ech hunn beim Willi doheem en bessi fiergeléit an Fernseh gekuckt an duerno ass et dann an d’Staat ob den Christkindlmarkt gaangen
Do hunn mier den Andy (een Ex-Matstudent) an d’Vreni (seng Frendin) gesin.
Mei spéit dann hunn mier den Thomas (een Matstudent) an seng Frendin Merle gesinn.
Mier hunn gemittlech en puer Glühwi angeschmass an dann weider an d’ “Launge” [Update: Et war net Launge, mee "Grünes Pavillion". Merci René] gaangen. Do war awer net esou vill lass, dass mier an den Johns geplennert sin.
Sou Jongen an Meedecher, haalt ierch un, elo kennt eng Première: D’Merle huert mech iwwerried kruut dass ech mat him danzen. Jo dir hudd daat richteg verstaan: Ech hunn gedanzt.
MEE: Super war et net. Well mier allen beid vill ze vill gedronk haaten. Mee iergendwei war et lusteg. Ech hu just d’Gefill dass den Thomas net esou frou domatt war :-S
Den René wollt sou speit net nach seng Mamm aus dem Bett joen dass sie hien sichen kennt. Sou huert heen einfach bei mier an menger Buud um Feldbett gepennt.
Daat ass bis Haut den Metteg sou 14 Auer gaangen…
Also deen leschten Béier hätt roueg een Mineral sinn keinten… Dann wier et mier den Moien och besser gaang
Dessen Weekend war ech dierkt 2x raus.
Den Donnegden war ech mam René am Mr. John’s einfach gemittlech en puer Beierchen drenken. Heen huert mier d’Barkeeperin “Christina” fiergestallt.

Den Freideg war ech op den 13. Gebuertsdaag vum Mr. Johns. Do konnt een fier 13€ souvill drénken wei een wollt. Ech wollt eigentlech net dohinn, well ech den Daag duerno schaffen misst. Mee d’Sammy huert mech sozou iwwerried. Wou et asech Recht haat, well mier hunn schon laang näischt mei zesummen ennerholl.
Et war aawer een ganz lustegen Oowend
Ech wollt schon geint 12 Auer Heem goen an net souvill drénken. Mee ech war reischt um 12 Auer fort an ech hunn dei 13€ locker erem ran geholl.

Ech war Haut mam Willi mam Auto ennerwee.
Mier sinn bessi duerch den Bregenzerwald gefuer an duerno nach anzuech aanescht wou ech den Numm aawer nemmei wees
Ech hunn och Fotoen gemaach, dei och an der Rubrik Austria > ’s Ländle ze fannen sinn